De Gastronomieberäich war besonnesch schwéier vun der Coronakris betraff. D'Horesca huet elo op Facebook un déi wichtegst Reegelen erënnert.

Fir ze verhënneren, dass de Gastronomieberäich nees muss zoumaachen huet den Horesca-Secteur e Rappell gemaach. Op Facebook erënnert een un d'Hygiènesvirschrëften an d'Distanzéierungsreegele grad wéi un d'Recommandatioune vun der Santé. Och wann de Krisenzoustand elo eriwwer ass, sollt ee sech weider un d'Precautiounen halen.

Et huet een déi eenzel Reegelen opgezielt, déi fir den Horesca-Secteur gëllen, wéi de Mindestofstand tëscht all Dësch, d'maximal Unzuel u Leit pro Dësch oder och d'Maskeflicht, wann ee seng Sëtzplaz verléisst.