Well net bewisen ass, datt se schütze rifft den ILNAS een Typ vun FFP2-Masken zeréck. Falls een dës kaf huet, soll ee se net benotzen.

Déi zoustänneg Institutioun huet e Réckruff wéinst Schutzmaske lancéiert. Et handelt sech ëm d'Maske mam Numm "FFP2 NANOSILBER ANTIMIKROBIELLE MUND-NASENSCHUTZ" vun HANVICO. Wéi et heescht wier net bewise ginn, datt dësen Typ vu Maske virum Virus schütze géif. Leit, déi sech Maske vun deem Typ kaf hunn, sollen dës net benotzen. Huet ee säi Keesenticket nach, kann ee se och ëmtausche goen.

Bei weidere Froe kann ee sech direkt beim ILNAS mellen. D'Telefonsnummer ass den 247-74320. Dat geet och per Mail via surveillance@ilnas.etat.lu.