Wéi an engem Bréif un d'Gestionnairen ze liesen ass dierfen an de Crèchen am Land vum 16. Juli un nees méi Kanner betreit ginn.

Bis ewell konnt eng begrenzten Unzuel u Kanner all Dag accueilléiert ginn an dat och ënner strengen Hygiènesvirschrëften. Dës sollen natierlech bäibehale ginn, ma et plangt ee vum 16. Juli un de Wee zréck an d'Normalitéit. D'Kanner solle sech esou vill wéi méiglech dobaussen ophalen.

Ass een infizéiert muss een doheem bleiwen an duerf net an der Crèche betreit ginn. D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert hat e Mëttwoch confirméiert, datt sech de Regierungsrot eens gi wier. Den zoustännege Minister Claude Meisch wëll nächst Woch dozou méi Informatioune ginn.

Weider leeft de Congé pour raisons familiales de 15. Juli 2020 aus.