No engem brutalen Iwwerfall an der Avenue de la Gare en Donneschdeg konnten d'Täter méi spéit nach festgeholl ginn.

An der Avenue de la Gare an der Stad gouf en Donneschdeg kuerz no 7 Auer eng Persoun brutal iwwerfall. Zwee Männer haten dem Affer Kette vum Hals gerappt, eng Glasfläsch op d'Persoun geheit a sinn du geflücht. Zwou op d'Beschreiwung passend Persoune goufe kuerz Zäit drop an der Stroossbuerger Strooss ugetraff an als Täter identifizéiert. Béid Männer, déi net méi a Besëtz vun de Kette waren, goufe festgeholl a koumen nach de Mëtteg virun den Untersuchungsriichter.