D’Regierung subventionéiert Opluetstatioune fir Elektrogefierer doheem. Di ëffentlech Infrastrukture vun den Opluetstatiounen gi weider ausgebaut.

D’Regierung wëllt d’Elektromobilitéit hei am Land weider promouvéieren. An deem Kader hunn d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an de Energieminister Claude Turmes dëse Freideg hir nei Campagne „Clever fueren“ a „Clever lueden“ presentéiert.

D’Infrastrukture vun den Opluetstatiounen soll deemno weider ausgebaut ginn, privat Bornen bei de Leit doheem sollen zu 50% subventionéiert ginn. Dobäi kënnt nach d'‘Prime beim Kaf vun engem Elektrogefier, déi jo dëst Joer staark gehéicht gouf.