Fir Autosabréch ze verhënneren, gëtt d'Police de Leit preventiv Tipps.

Zejoert krut d’Police ronn 1000 Fäll gemellt vu Géigestänn déi aus Autoe geklaut goufen. An deem Kader et ass de Rappell, keng Wäertsaachen am Auto ze loossen, Fënsteren, Dieren an d’Schiebedaach zouzemaachen an den Auto waméiglech an d’Garage ze parken, respektiv op eng hell a beliichte Plaz.

Wann an den Auto agebrach gouf, soll een näischt upaken mee direkt d’Police kontaktéieren.