Wéinst der Coronakris konnt déi offiziell Iwwerreechung vun den Uerden an der Philharmonie dëst Joer net stattfannen.

1700 Persoune sinn dëst Joer fir hir Verdéngschter am Interessi vun der Lëtzebuerger Gesellschaft ausgezeechent ginn. Dat geet aus enger Äntwert vum Staatsminister Xavier Bëttel op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo ervir. Wéinst der Coronakris gouf dëst Joer op déi offiziell Iwwerreechung vun den Auszeechnungen am Kader vun de Festivitéite fir Nationalfeierdag an der Philharmonie verzicht. D'Persounen déi hir Auszeechnung am Kader vun der Zeremonie hätte sollen iwwerreecht kréien, wäerten dës am Kader vun der nächst méiglecher Zeremonie iwwerreecht kréien.

Weider heescht et an der Äntwert vum Staatsminister, dass déi eenzel Ministèren déi fir d'Iwwerreechung vun den Uerden zoustänneg sinn, dës virum 15. Juni vum Service fir national Uerde vum Staatsministère, kritt hunn. Zënter dem 16. Juni dierfen d'Ministèren Zeremonië fir d'Iwwerreechung vun den Uerden organiséieren. Am Kader vun dësen Zeremonië mussen d'Hygiènesmesuren, déi als Schutzmesurë virum Coronavirus decidéiert goufen, agehale ginn.