D'Organisateure wëllen d'Zäit elo notze fir iwwert en neit Konzept fir d'Evenement nozedenken.

D'Nuit des Lampions zu Wolz wäert dëst Joer net stattfannen. Dat hunn d'Organisateure vum Evenement den Dënschden op Facebook matgedeelt. Als Grond fir d'Ofso nenne si déi undauernd Pandemie vum Coronavirus. Weider heescht et, dass een traureg iwwert dëse Réckschlag wier mä d'Zäit elo notze géif fir iwwert en neit Konzept fir d'Evenement nozedenken.