Duerch Done konnten iwwerdeems ronn 70 Studenten déi sech an enger prekärer Situatioun befannen, Bonge fir Liewensmëttel kréien.

Zënter Ugangs dës Joers hu ronn 80 Studenten eng Demande fir eng finanziell Ënnerstëtzung aus dem sougenannten "Hardship Fund" vun der Uni Lëtzebuerg agereecht. Dat äntwert de Minister fir d'Fuerschung an d'Héichschoule Claude Meisch op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéierter Octavie Modert. De Gros vun dësen Demanden, nämlech 76, sinn zënter dem Ufank vun der Coronakris bei der Universitéit agaangen. 50 vun dësen Demande goufe bis ewell accordéiert.

Iwwerdeems huet d'Uni de Studenten déi an de Studentenheemer wunnen ugebueden d'Bezuele vun de Loyere vu maximal 4 Méint no hannen ze réckelen. 80 Studenten hu vun dëser Offer gebrauch gemaach. Si kënnen des Loyeren am Laf vun hirer Studienzäit zeréckbezuelen.

Duerch Done vu Fondatiounen a regionalen Organisatioune konnte ronn 70 Studenten déi sech an enger prekärer Situatioun befanne Bonge fir Liewensmëttel kréien. 9 weidere Studente gouf duerch des Donen d'Finanzéierung vun engem portabele Computer erméiglecht. Donieft schafft d'Universitéit den Ament un der Opstellung vun engem Service deen et de Studenten erméiglecht portabel Computeren auszeléinen.

Weiderhin huet d'Universitéit d'Initiativ "uMatter" op d'Been gestallt fir d'Studenten iwwert dës Mesuren ze informéieren. De Service vun de Studenten a vum Studenteliewen (SEVE) huet iwwerdeems zesumme mat enger Equippe vu Psychologe vum "Département des sciences du comportement et des sciences cognitives" eng elektronesch Plattform fir eng psychologesch Ënnerstëtzung vun de Studenten an de Mataarbechter vun der Uni an d'Liewe geruff. Dës gratis Video-Consultance, déi den Ament vill géif genotzt ginn, soll och no der Kris bestoe bleiwen