An der zweeter Phas vum Large Scale Testing gi geziilt d'Leit an de Stéit getest.

Bis de 6. Juli goufen am Kader vum Large Scale Testing 268 Leit positiv getest. Dat si Leit, déi zum Deel guer keng Symptomer hunn an doduerch fréi kënnen a Quarantän gesat ginn. Eleng um Mëttwoch goufe wéinst dem Large Scale Testing 16 positiv Fäll entdeckt. D'Participatioun ass an Tëschenzäit op iwwer 50% geklommen. Dat geet aus den Zuele vum Luxembourg Institute of Health erfir. Et wier wichteg, dass souvill Leit wéi méiglech matmaachen. Bis Enn Juli soll all Bierger eng Invitatioun kritt hu fir sech am Kader vum Large Scale Testing op de Virus testen ze loossen.

Et géife vill Leit sech am Stot ustiechen, sot de Paul Wilmes vun der Fuerschungs-Task-Force um Donneschdeg op enger Pressekonferenz. An enger zweeter Phas vum Large Scale Testing (vum August un) soll sech deemno op d’Infektiounen an de Stéit konzentréiert ginn. Déi éischt Phas vum Large Scale Testing geet de 27. Juli op en Enn.

Déi aktuell héich Infektiounszuele kéinten op eng zweet Well hindeiten, sot ausserdeem de Fuerscher Alexander Skupin vun der Fuerschungs-Task-Force. Et wier een an enger kritescher Phas. Déi nächst Deeg géife weisen ob d'Infektiounszuelen exponentiell klammen oder net.