Ënnert anerem kritiséiert d'Gewerkschaft eng europäesch Direktiv, duerch déi dem Staat Steierrecette kéinte verluer goen.

Den LCGB weist sech beonrouegt iwwert déi momentan Aarbechtsbedingungen am Transportsecteur.

An engem Communiqué vun der Gewerkschaft heescht et ënnert anerem, dass d'Zuel vun de Fäll an deenen et wéinst enger net korrekter Bezuelung vun de Chaufferen zu Konflikter kënnt, klamme géif. Weiderhi bedauert den LCGB, dass vill Entreprisen aus dem Secteur sech net un d'Bestëmmunge vum Kollektivvertrag oder dat lëtzebuergescht Aarbechtsrecht hale géifen.

D'Gewerkschaft kritiséiert virun allem eng europäesch Direktiv, déi seet, dass en Ugestallten dee méi ewéi e véierel vu senger Aarbecht am Land an deem hie wunnt, verriicht dem Aarbechtsrecht vun dësem Land ënnerläit an och an dësem Land kotiséiere muss.

Dës Direktiv géif dem LCGB no vun enger Partie Entreprise genotzt ginn, fir hir Chaufferen dozou ze zwéngen en neien Aarbechtskontrakt ze ënnerzeechnen. Dëst géif dozou féieren, dass dës Ugestallter nom Kollektivvertrag vum Land an dem si wunnen a net nom lëtzebuergesche Kollektivvertrag géife bezuelt ginn. Dëst Virgoe géif engersäits dozou féieren, dass dem Lëtzebuerger Staat Steierrecette géife verluer goen an anerersäits géif d'Bezuelung vun de Chaufferen sech däitlech verschlechteren. D'Pai vu verschiddene Chauffere kéint sech duerch dëst Virgoen em d'Hallschent reduzéieren.

Schliisslech kritiséiert den LCGB d'Verhale vun den Entreprisë wärend der Coronakris. Et bedauert een, dass d'Patrone vill ze laang gebraucht hätten déi néideg Hygiène- a Schutzmesuren, fir hir Chaufferen ze ergräifen. Och iwwert d'Entscheedung vum Patronatsverband de Chaufferen dofir, dass si wärend der Pandemie geschafft hunn, kee Bonus auszebezuelen, weist d'Gewerkschaft sech enttäuscht. Vum Patronat heescht et an dësem Zesummenhang, dass een den Ament keng Bonusse bezuele kéint, well d'Entreprisen aus dem Secteur momentan keng Beneficer realiséiere géifen.