Bei enger Kontroll zu Esch hunn d'Beamten ënnert anerem 28 Bullen Heroin saiséiert.

En Donneschden huet d'Police vun Esch zesumme mat der Douane eng gréisser Drogerazzia duerchgefouert. An e puer Busser an op enger Partie Plazen déi an der Vergaangenheet am Zesummenhang mat Drogen opgefall ware gouf kontrolléiert. Dobäi goufen 28 Bullen Heroin, e puer geréng Quantitéite Cannabis an e puer Handye saiséiert. 2 Persoune goufen op Uerder vum Parquet festgeholl. Géint 3 weider Persoune gouf eng Plainte deposéiert.

Iwwerdeems war enger Patrull am Garer Quartier an der Stad en Donneschden Owend e Grupp vu Männer, deen sech verdächteg verhalen hat, opgefall. Ewéi si d'Beamte bemierkt hunn, sinn d'Männer fortgelaf. D'Beamte konnten ee vun hinnen no enger kuerzer Verfolgung stoppen. A senger Géigend goufen 10 Tute mat Cannabis fonnt. Ewéi si hien um Policebüro duerchsicht hu konnten d'Beamten ausserdeem 5 Gramm Kokain, zwee Handyen an eng gréisser Zomm Sue beim Mann fannen. Op Uerder vum Parquet gouf e Protokoll erriicht.