Nodeems et den Donneschdeg de Moien tëscht Selz a Baastenduerf zu engem Accident komm ass sicht d'Police elo nom Chauffer vun enger rouder Camionnette.

D'Police sicht no engem Verkéiersaccident no Zeien. Géint 07h35 den Donneschde Moien hunn sech tëscht Selz a Baastenduerf e wäissen Jeep an eng rout Camionnette mat de Baussespigele gesträift. De Chauffer vun der Camionnette ass nom Accident net stoe bliwwen, esou dass déi zwee Chaufferen hir Donnéeën net austausche konnten.

Hien an eventuell Zeien sollen sech bei der Police vun Dikrech respektiv Veianen mellen. Dëst ënnert der Telefonsnummer 244 80 1000 oder ënner   police.diekirchvianden@police.etat.lu.