Fir den Educatiounsminister weisen d’Zuelen, datt d’Schüler sech net an de Schoulen ugestach hunn.

Den Educatiounsminister Claude Meisch ass um Freideg nach mol op d’Corona-Infektiounen an de Schoulen ze schwätzen komm. 60 Schüler a 7 Enseignanten wiere bis ewell positiv getest ginn. Dat géif awer och bedeiten, dass 161 vun 194 Schoulen ouni positiv Fäll sinn. 27 Klasse si momentan a Quarantän, vun insgesamt 6.402 Klassen.

Bis elo hätt ee bei kengem Fall zweiwelsfräi festgestallt, datt de Schüler sech an der Schoul infizéiert hätt.