Eng Policepatrull konnt een Drogendealer stellen, dee wollt virun enger Kontroll fortlafen.

Op der Stater Gare huet d’Police um Donneschdeg Owend ee Drogendealer verhaft nodeems hie probéiert hat, sech an der aler Avenue enger Kontroll ze entzéien. 45 Gramm Kokain, eng gréisser Geldzomm an en Handy goufe confisquéiert.

De Mann gouf festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.