Dass och aner Länner hir Grenzen zou maachen, kënne mer net ausschléissen, sou d’Gesondheetsministesch dëse Freideg.

D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet dëse Freideg de Point iwwer d'Evolutioun vun den Infektiounszuelen gemaach. 289 Nei Infektiounen goufen d’lescht Woch notéiert bei 49.388 Tester. D’Altersmoyenne läit bei 34 Joer. Den Tracing géing gutt funktionéieren, sou d’Ministesch. 60 Leit sinn hei am Asaz.

Liicht verfälscht Statistiken

D’Gesondheetsministesch huet och confirméiert, dass de Grand-Duché an 11 Länner op enger schwaarzer Lëscht steet. Leit aus Lëtzebuerg mussen do de Moment a Quarantaine oder dierfen iwwerhaapt net dohi reesen.

De Problem wier, dass 10% vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg getest ginn, guer net hei am Land wunne mee Frontalierë sinn. Dat géing d’Statistike verfälschen. Et géing een dat och ëmmer nees am Ausland vermëttelen. Op eis Nopeschlänner d’Grenzen awer nees wéilten zou maachen, dat wéisst een net. Ausschléisse kéint een dat awer net. Schliisslech wier et och an der Vergaangenheet virkomm, dass een Nopeschland Nomëttes matgedeelt huet, dass d’Grenzen deen nächsten Dag zou wieren.

D'Leit musse sech méi un d'Reegelen halen

D'Gesondheetsministesch betount, dass d'Infektiounszuelen awer och allgemeng net immens gutt sinn.
D'Leit solle sech nees un d'Reegelen halen, dann géingen d'Zuelen och net explodéieren. Et hofft een, dass de Message vun der Regierung ukomm ass, an dass een an 10-15 Deeg d'Resultat vun deem Message gesäit.