D'Petitioun hat schonn no 30 Stonnen déi néideg 4.500 Ënnerschrëfte gesammelt fir an der Chamber debattéiert ze ginn.

Um 14h00 de Freide Mëtte war an der Chamber den ëffentlechen Debat iwwert d'Petitioun 1550. Dës hat jo gefuerdert, dass d'Schoule wéinst der Pandemie vum Coronavirus eréischt am September hätte sollen opgoen.

Direkt um Ufank vum Debat huet d'Presidentin vun der Petitiounskommissioun, Nancy Arendt, wësse gedoen, dass dës Petitioun schonn no 30 Stonnen déi néideg 4.500 Ënnerschrëften erreecht hat fir an der Chamber debattéiert ze ginn. Si huet den Petitionären doropshin zu hirem Sucees felicitéiert a vun enger historescher Petitioun geschwat. Nach ni hätt eng Petitioun an esou kuerzer Zäit déi néideg 4.500 Stëmmen erreecht fir an der Chamber debattéiert ze ginn. Dëst géing weisen, dass de Sujet vum Fonctionement vun de Schoulen ee wier, dee ville Leit wärend der Kris um Häerz louch. Zousätzlech hätt d'Hausse vun den Infektiounszuelen am Laf vun de leschten Deeg d'Relevanz vun der Petitioun nach eng Kéier ënnerstrach.

National Eltereversammlung soll iwwert wichteg Entscheedungen informéiert ginn

Duerno war et un de Petitionären hire Standpunkt ze presentéieren. Si wiere sech der Komplexitéit vun der Situatioun bewosst. Jidderee misst léiere mam Virus ze liewen. Daten a Fakte sollen dobäi hëllefen. An dësem Zesummenhang géif ee feststellen, dass Kanner sech infizéiere géifen och wann si net schlëmm krank géife ginn. Anerersäits wier een sech bewosst, dass Kanner e Recht op Bildung hunn a si dowéinst an d'Schoul goe missten. D'Petitionären hunn ënnerstrach, dass esouwuel d'Elteren ewéi och den Educatiounsminister dat Bescht fir d'Kanner wéilten. Et wier awer an der aktueller Situatioun net einfach e Mëttelwee ze fannen. Et hätt een awer eng Rei Moyene fir dëse Mëttelwee ze definéieren. E wichtegen Outil wier hei déi national Eltereversammlung. Si misst an all wichteg Entscheedung vum Ministère mat agebonne ginn. D'Petitionären hunn d'Fro gestallt, op dat aktuell de Fall wier.

D'Petitionären hunn sech och verwonnert doriwwer gewisen, dass et an de Klasse keng Masken-Flicht gouf, mä dass et just eng Virschrëft gouf fir en sougenannten "Buff" unzedoen, obwuel dëse kee Schutz virum Virus bidde géif. Weiderhin hunn si d'Decisioun d'Schüler zënter dem 29. Juni rëm zesummen an net an zwou getrennte Gruppen an d'Klass goen ze loosse kritiséiert. An dësem Zesummenhang gouf d'Fro gestallt, op sech déi wëssenschaftlech Datelag gerännert hätt. Hinnen no géifen verschidde Leit d'Zesummeleeë vun de Klassen als Test hunn hire Kanner ugesinn.

Si fuerderen dowéinst, dass den Ënnerriicht nees a méi klenge Klasse soll gehale ginn. Och wier eng besser Kommunikatioun wichteg. Transparenz wier besonnesch wichteg wann et an enger Klass, respektiv enger Schoul géif zu Neiinfektioune kommen. Hei hätt et de Leit un Informatioun gefeelt. Si wieren duerch d'Medien iwwert esou Neiinfektiounen informéiert gi, mä vum Ministère wier näischt kommunizéiert ginn. Et géing der Politik vum Ministère un engem roude Fuedem an un der néideger Kommunikatioun feelen.

Roll vun de Schoule bei der Verbreedung vum Virus méi kleng ewéi ugangs ugeholl

A senger Reaktioun huet den Educatiounsminister Claude Meisch gesot, dass hien dankbar iwwert d'Diskussioun an der Chamber wier. D'Situatioun wier eng enorm komplex an där et keng absolut Wourechte géi ginn. Och de Ministère wier permanent dobäi ze léieren. Et wier e permanent am Gaangen tëscht dem Recht vun de Kanner op Bildung an dem Recht vun de Famillen op d'Sécherheet vun hire Kanner ofzeweien.

An dësem Zesummenhang wieren d'Schoulen am Mäerz virun allem zou gemaach gi fir d'Verbreedung vum COVID-19 ze verhënneren. Ma an Tëschenzäit géing ee wëssen, dass d'Roll vun de Schoule bei der Verbreedung méi kleng war ewéi nach um Ufank geduecht. De Minister huet och gesot, dass een d'Ängschte vun den Eltere misst eescht huelen. Ma dowéinst hätt een sech dozou entscheet d'Opmaache vun de Schoulen an Etappen ze realiséieren. Dëst hätt et erlaabt den Ängschte vu ganz ville Leit entgéint ze kommen an ze kucken op ee mat der Situatioun géing eens ginn.

Am Fall wou eng Klass misst wéinst engem Infektiounsfall a Quarantän gesat ginn, géif d'Kompetenz beim Gesondheetsministère leien an d'Santé géif sech dorems këmmeren. Den Educatiounsministère géif sech awer beméien d'Kommunikatioun mam Gesondheetsministère ze verbesseren. Schliisslech huet de Minister dorops higewisen, dass den Ament just 27 Klasse vun am ganze 7000 a Quarantän wieren. Esou eng Quarantän wier eng logistesch Erausfuerderung, déi bei 27 Klassen awer an der Reegel nach gutt ze meeschtere wier.

Schliisslech huet de Claude Meisch nach eng Kéier dorop opmierksam gemaach dass et bis elo keen Fall gëtt bei dem nogewise gouf, dass sech eng Persoun an der Schoul infizéiert huet.