E Freideg Owend ass et bei Hunnebuer zu engem déidleche Verkéiersaccident komm. Eng 60 Joer al Fra ass frontal an eng Mauer gerannt a gestuerwen.

Wéi d'Police am fréie Samschdeg Moie matdeelt, koum et an der Nuecht op e Samschdeg zu engem déidleche Verkéiersaccident.

Géint 21.15 Auer ass eng Fra um CR105 bei Hunnebuer bei Miersch vun der Spuer ofkomm a frontal an eng Mauer gerannt. Dobäi gouf d'Automobilistin, déi eleng am Auto war, déidlech blesséiert. Déi 60-Järeg ass nach op der Plaz un hire Blessure verstuerwen.

D'Strooss war fir e puer Stonne gespaart. Op Unuerdnung vum Parquet war de Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police op der Plaz.

Iwwerdeems mellt de CGDIS 3 weider Accidenter mat Blesséierten.
E Freideg am Nomëtteg sinn zwee Autoen zu Remerschen accidentéiert. Zwou Persoune goufe blesséiert.

Zu Rued bei Simmer ass en Automobilist an e Bam gerannt a gouf verwonnt.

An zu Diddeleng sinn am fréie Moien zwee Autoen anenee geknuppt. Hei mellt de CGDIS ee Blesséierten.

Kuerz virun 11 Auer sinn e Samschdeg de Moien en Auto an e Motocyclist zu Uewerkäerjeng kollidéiert. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert.