Als Reaktion op déi franséisch Digitalsteier hunn d'USA en Zoll vu 25 Prozent op verschidde franséisch Produiten agefouert.

Produiten aus Frankräich ginn an den USA mat 25% besteiert. Dat huet d’US-Regierung matgedeelt. Ënnert anerem Produiten wéi Kosmetik a Posche si vun der neier Steier betraff. An engems ass den Zoll awer fir eng Dauer vun 180 Deeg ausgesat ginn.

D’USA hate Frankräich ëmmer nees mat Zoll op franséisch Produite gedréit, dat am Kader vun der Digitalsteier. Dës gouf 2019 vun der franséischer Regierung agefouert a gesäit vir, datt grouss Internet-Konzerner an deene Länner Steiere bezuelen, an deene se Gewënn maachen an net do, wou se am mannste musse bezuelen.

D'USA hu Frankräich ëmmer nees mat engem Zoll gedréit. D'Digitalsteier betrëfft virun allem grouss Konzerner aus den USA wéi Google oder Facebook. Frankräich hat d'Steier d'lescht Joer agefouert, well international keng Eenegung a Siicht war. Verschidden europäesch Länner hu schonn eng Steier, wéi zum Beispill Éisträich, aner Länner plange se nach.