Den Ausbau vum Glasfaser geet iwwerdeems méi séier virun ewéi geplangt.

Lëtzebuerg hält sech bei der Installatioun vum 5G-Reseau un den Zäitplang deen 2018 an der nationaler 5G-Strategie festgehale gouf. Dat äntweren de Minister fir Medien a Kommunikatioun Xavier Bettel, de Wirtschaftsminister Franz Fayot an den Aussen-an Europaminister Jean Asselborn op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser. Och wann d'Regierung den Ausbau vum 5G net selwer bedreift, géif si och dëst Joer déi néideg Viraussetzungen dofir schaffen, dass d'Operateure mam Opbau a Betrib vum nationale 5G Reseau ufänke kënnen.

An dësem Zesummenhang huet den "Institut Luxembourgeois de la Régulation" (ILR) de Méinde Moien an engem Communiqué matgedeelt, dass eng Stee fir d'Lizenze vun zwou Frequenzen, déi fir den Ausbau vum 5G genotzt solle ginn, opgemaach gouf. 5 Provider kënnen un dëser Stee deelhuelen, nämlech "Eltrona", "Luxembourg Online", "Orange", d'Post a "Proximus". D'Lizenzen déi ersteet ginn, wäerte 15 Joer laang gëllen a kënnen op d'mannst eemol fir 5 Joer verlängert ginn.

D'Ministeren doen iwwerdeems wëssen, dass déi Lëtzebuerger Kommunikatiouns-Reseauen sech an der Kris als stabil erwisen hätten an den zousätzlechen Trafic wärend der Coronakris ouni gréisser Problemer geréiert kruten.

Wat den Ausbau vum Glasfaser betrëfft, verweisen d'Ministeren op e Rapport vum ILR vun zejoert. Aus dësem geet ervir, dass zejoert 67,5 Prozent vun de Stéit hei am Land un de Glasfaser-Reseau ugeschloss waren. Vun der Post heescht et iwwerdeems, dass Mëtt 2020 iwwer 70 Prozent vun de Stéit e Glasfaseruschloss haten. Den Ausbau vum Glasfaser soll iwwerdeems méi séier viru goen ewéi geplangt. Deementspriechend solle bis Enn 2021 75 Prozent vun de Stéit en Uschloss hunn a bis Enn 2022 sollen 78 Prozent ugeschloss sinn. Ursprénglech hätt et solle bis Enn 2023 dauere bis 75 Prozent vun des Stéit e Glasfaseruschloss hunn.