E Mann hat sech als Aarbechter vun engem Chantier ausgi fir sech esou Zougang zu de Wunnenge vu sengen Affer ze verschafen.

D'Police sicht no 2 Déifställ zu deenen et am Laf vun der leschter Woch an der Stad komm ass no Zeien. Um 14h00 en Donneschden ass eng eeler Persoun déi an der Rue du Curé an der Stad wunnt Affer vun engem Trickdéif ginn. E Freiden um 14h00 ass eng weider Persoun, déi an der Rue André Duscher wunnt, warscheinlech vum selwechten Déif beklaut ginn.

A béide Fäll war e Chantier nieft der Wunneng vum Affer. Den Trickdéif huet dësen Ëmstand genotzt a sech als Aarbechter ausginn, deen en technesche Problem an der Wunneng vum Affer behiewe misst. Nodeems hie sech esou Zougang zu de Wunnenge verschaaft hat huet hien seng Affer beklaut. Hien huet ënnert anerem Bijouen aus de Wunnenge matgeholl. D'Affer goufen heibäi net blesséiert. D'Police geet dovun aus, dass et sech a béide Fäll ëm de selwechten Täter handelt. An dësem Zesummenhang sicht d'Police elo no engem ongeféier 40 Joer ale franséischsproochege Mann. Dësen ass kleng a schlank an huet schwaarz Hoer mat Gel dran. Hien huet e gefleegten Androck gemaach a war staark parfüméiert. Hien hat e Kostüm mat enger donkelbloer Jackett, engem hellen Hiem an enger heller Box un.

Wien an dësem Zesummenhang eppes Nëtzleches gesinn huet soll sech bei der Stater Police mellen. Dëst ënnert der Telefonsnummer 244 401000 oder ënnert police.luxembourg@police.etat.lu. Och eventuell weider Affer vum Déif si gebieden sech bei der Police ze mellen.