Ee vun de Verdächtege war bei senger Flucht iwwert d'Schinne gelaf, esou dass den Zuchverkéier huet misse gestoppt ginn.

Géint 16h30 de Sonnde goufen der Police 3 presuméiert Drogendealer op der Place de la Gare an der Stad gemellt. Ewéi d'Beamten déi 3 kontrolléiere wollte sinn dës an ënnerschiddlech Direktioune geflücht. Zwee vun hinne konnte bei der Passerell déi iwwert d'Gare féiert gestoppt ginn. Deen Drëtte war iwwert d'Schinne geflücht, esou dass den Zuchverkéier kuerzzäiteg huet misse gestoppt ginn. Och hie konnt no enger kuerzer Verfolgung festgehale ginn. D'Beamten hunn am Ganze 16 Plompe mat Heroin bei hinne fonnt. Déi 3 Männer goufen op Uerder vum Parquet festgeholl a koumen de Méinde Moie virun den Untersuchungsriichter.