D'Naya Rivera war d'lescht Woch no engem Bootsausfluch verschwonnen. Elo gouf hir Läich an engem Séi gebuergen. Et geet ee vun engem Accident aus.

D’US-Actrisse Naya Rivera ass dout. D‘Rettungsdéngschter hunn d’Läich vun der 33 Joer ale Fra an engem Séi a Kalifornien fonnt. Si hat do de leschte Mëttwoch ee Bootsausfluch mat hirem Bouf gemaach. Dat 4 Joer aalt Kand war méi spéit eleng um Boot fonnt ginn. De Moment geet ee vun engem Schwamm-Accident aus. D’Naya Rivera ass duerch d’Musical-Tëleesserie „Glee“ bekannt ginn.