Di aktuell Zuel vun Neiinfektiounen hätt katastrophal Repercussiounen op den Horesca-Secteur.

D’Horesca weist sech besuergt iwwert di sanitär Situatioun zu Lëtzebuerg. D’Hausse vun de Coronainfektiounen géing dem Image vum Land schueden, heescht et an engem Communiqué. Ëmmer méi Touristen géingen hiren Openthalt zu Lëtzebuerg annuléieren an doduerch géinge vill Hotelsbetriber riskéieren, Faillite ze maachen. Wann et zu engem zweete Lockdown kéim, da kréich de Secteur sech och mat staatlecher Hëllef net méi erholl.

D'Horesca appelléiert och un d'Leit, déi hire 50-Euro-Bong an engem Lëtzebuerger Hotelsbetrib aléisen, den Openthalt direkt beim Hotel ze buchen an net iwwert eng Online-Reservatiouns-Plattform, well dës Sitte eng héich Kommissioun kasséieren - eppes wat de Secteur nach weider géif fragiliséieren.