D’Postgebai um Aldringen mat Beräicher fir Horesca, Commerce, Coworking a Wellness mécht an 2 Joer seng Dieren op.

De Generaldirekter vun der Post Claude Strasser huet dësen Dënschdeg Nomëtteg den Zukunftsprojet fir dat aalt Postgebai um Aldringen presentéiert. Zesumme mam Partner-Investisseur ARTEA géing et drëm goen, d’Gebai ze revaloriséieren an et sou vill wéi méiglech Leit zougänglech ze maachen. Horesca, Commerce, Coworking a Wellness sollen op deene verschiddene Stäck kombinéiert ginn.

D’Aarbechte sollen an 2 Joer ofgeschloss sinn. 2023 soll d’Gebai seng Diere fir de Public opmaachen.