Zu Déifferdeng huet ee Mann d'Cliente vun engem Café mat enger Motorsee menacéiert.

Kuerz viru Mëtternuecht ass zu Déifferdeng ee Mann aus engem Haus op d’Strooss gelaf an huet dobäi mat enger Motorsee gefuchtelt. De Mann ass op e puer Clienten zou gaangen, déi op der Terrass vun engem Café souzen. Hien huet si beleidegt a mat der Motorsee menacéiert. Dobäi gouf een Zonk aus Holz beschiedegt. Blesséiert gouf keen.

D’Police konnt de Mann zu Riet stellen. D’Motorsee an e puer Messere goufen op Uerder vum Parquet confisquéiert. De Mann gouf protokolléiert.