An zwee Fäll gouf et ausserdeem e Protokoll wéinst illegalem Waffebesëtz.

Wéinst dem schéine Wieder war den Undrang um Stauséi zu Ënsber a Lëlz dëse Weekend grouss. Schonn an der Mëttesstonn waren d'Parkingen op dësen zwou Plazen wéinst de ville Leit, déi bei de Séi wollten, iwwerlaascht. Géint 14h00 hat d'Police dowéinst zesumme mat de Gemengenautoritéiten decidéiert d'Zougäng zum Séi zu Ënsber a Lëlz ze spären. Dëst fir sécher ze goen, dass d'Schutzmesurë géint de Coronavirus konnten agehale ginn. Géint 17h00 hat d'Situatioun sech berouegt an d'Zougäng goufen nees opgemaach. D'Leit, déi op de Stauséi wollten, hu gréisstendeels Verständnis fir d'Schléissung vun den Zougäng gewisen.

Iwwerdeems huet d'Police op verschidde Plazen ëm de Séi Kontrolle gemaach. Dobäi goufen ënnert anerem 16 Plaintë wéinst Drogebesëtz, respektiv dem Konsum vun Droge geschriwwen. Zweemol gouf et e Protokoll wéinst illegalem Waffebesëtz. D'Beamten hunn 2 Messeren an een Elektroschocker confisquéiert.

Weiderhi goufen och eng Partie Persounen, déi am Schutzgebitt ëm de Séi campéiert hunn, protokolléiert. Ausserdeem huet d'Police iwwert de Weekend am Ganzen 80 Protokoller wéinst falschem Parke geschriwwen. An dësem Zesummenhang mécht d'Police dann och op den neie gratis Parking "Am Kéilert" zu Ënsber opmierksam.

D'Police wäert wärend dem ganze Summer verstäerkt Presenz weisen a Kontrolle maachen.