Nom Succès vum leschte Joer hat een och fir 2020 e grousst Event geplangt - de Coronavirus huet awer e Stréch duerch d'Rechnung gemaach.

Op der Place de l'Europe um Kierchbierg sollt den 12. an 13. September déi 2. Editioun vum Luxembourg Open Air, kuerz LOA-Festival, organiséiert ginn. Wéi d'Organisateuren eis dëse Freideg confirméiert hunn, ass de Festival elo annuléiert ginn. Neien Datum ass de 24. a 25. Abrëll 2021!

De Sebastian Jacqué live am Eldo-Interview beim Cat am Nomëtten.

Headliner wéi DJ Quintino, DJ Michael Calfan, Danko an DJ Smack sollten optrieden. Dës a vill anerer wäerten awer fir d'Editioun 2021 ze gesi sinn, wéi d'Organisateure vum LOA scho confirméiert hunn. Wie seng Tickete scho kaaft hat, kann dës natierlech fir den neien Datum halen. Wien nach keen Ticket huet kann der vun elo u kafen, dat op loa-festival.com.

Huet een en Ticket an den neien Datum passt engem awer net, kann een den Numm um Ticket bis den 31. Dezember 2020 änneren, also op eng aner Persoun ëmschreiwe loossen. Bei weidere Froen huet d'LOA-Crew e FAQ-Dossier ausgeschafft, dee fënnt een hei. D'Ekipp hätt immens haart fir d'Editioun am September geschafft, mee d'Gesondheet vu jidderengem geet natierlech vir.