Ewéi d'Beamten d'Zell vum Mann um 21h00 den Donneschdeg kontrolléiert hunn, huet dëse keng Liewenszeeche méi vu sech ginn.

En Donneschdeg den Owend huet d'Police e 44 Joer ale Mann op der Stater Gare festgeholl. Dëst well hie wéinst sengem alkoholiséierten Zoustand eng Gefor fir sech selwer an déi aner duergestallt huet. Nodeems en Dokter bestätegt huet, dass den Zoustand vum Mann et erlabe géif hien an den Arrest ze placéieren, gouf hien an enger Ausniichterungszell ënnerbruecht.

Ewéi d'Beamten um 21h00 d'Zell vum Mann kontrolléiert hunn, huet dëse keng Liewenszeeche méi vu sech ginn. D'Versich de Mann ze reaniméieren hu keen Erfolleg gewisen an den Noutdokter konnt just nach den Doud vum Mann feststellen.

De Parquet huet eng Autopsie ugeuerdent fir déi genee Doudesursaach ze klären. D'Inspection Générale vun der Police ermëttelt elo.