Wéinst der aktueller Corona-Entwécklung hätt ee keen anere Choix wéi den zweeten Autokino ofzesoen.

Wéi d'Organisateure vum Ciné Sura dëse Mëttwoch matgedeelt hunn, gëtt den Drive-In-Cinema vum 13. bis 22. August ofgesot. Grond wier well hir Technik fir den Drive In Kino wéinst der aktueller Corona-Entwécklung net zur Verfügung steet. Et hätt een d'Decisioun geholl de Rescht vum Joer kee Baussenevent méi z'organiséieren.

Geplangt war wärend 10 Deeg jeeweils ee Film pro Dag ze weisen.