Fir d'Ausbreedung vum Coronavirus anzedämmen mécht d'Police weider Kontrollen.

Am Kader vun de Covid-19-Reegele mécht d'Police weider entspriechend Kontrollen. An der Woch vum 20. bis de 26. Juli sinn där eng 180 gemaach ginn. Am Ganze goufen 23 Protokoller erstallt, 20 dovunner wéinst Restauranten a Caféen zu Diddeleng, Déifferdeng, Esch an och an der Stad. Dës hate sech net un d'Hygiènesreegelen oder d'Spärstonn gehalen. An 2 Fäll haten Eenzelpersoune keng Masken un. 1 Persoun huet sech net un d'Isolatiounsreegel gehalen.