D'Madonna huet op Insta Falschinformatiounen iwwert ee presuuméierten Impfstoff géint Corona an d'Mëttel Hydroxychloroquin verbreet.

Instagram huet ee Bäitrag vum Madonna geläscht. De Popstar soll nämlech falsch Informatiounen iwwert ee presuméiert Heelmëttel géint de Coronavirus verbreet hunn.

Konkret soll d'Sängerin ee Video gedeelt hunn, an deem d’Malaria-Mëttel Hydroxychloroquin als Wonnermëttel géint de Virus bezeechent gëtt. Et gëtt awer kee Beweis fir eng Wierksamkeet vum Mëttel géint de Virus. D'Medikament soll souguer schwéier Niewewierkungen hunn, déi fir Patiente geféierlech kéinte ginn.

Ausserdeem soll d’Madonna behaapt hunn, dass et well zënter Méint een Impfstoff gëtt, dat géif awer geheim gehale ginn, fir "dass déi Räich nach méi räich an déi Aarm a Krank méi krank ginn".