Zu Stroossen gouf et eng Ausernanersetzung an engem Opnamezenter fir Flüchtlingen. Eng Persoun gouf blesséiert.

An der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch huet d’Police missen zu Stroossen an engem Opnamezenter fir Flüchtlingen intervenéieren. Wéi d’Police um Donneschdeg de Moie matdeelt, gouf et do eng Ausernanersetzung. De Sécherheetsdéngscht hat direkt agegraff, wéi eng Persoun aus engem Zëmmer no Hëllef geruff huet. Eng Persoun koum mat Schnëttwonnen um Aarm an d‘Spidol. De presuméierten Täter gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.