Zeien haten d'Beamten op d'Persoun opmierksam gemaach. Dës hat doropshi probéiert ze flüchten.

Ewéi d'Police géint 20h30 de Mëttwoch den Owend op der Place de la Gare an der Stad patrulléiert ass, gouf ee vun de Beamte vun enger gliesener Fläsch um Réck getraff. D'Fläsch ass um Gilet vum Beamten zerbrach, huet dësen awer net blesséiert. Zeien hunn d'Beamten op d'Persoun, déi d'Fläsch geheit hat, opmierksam gemaach. Dës ass doropshi fortgelaf. D'Beamte konnten si awer kuerz drop anhuelen. Si huet d'Dot zouginn. Ausserdeem hat si uginn, dass si Droge konsuméiert hätt. De Virfall gouf protokolléiert.

Scho géint 18h20 hate Beamte vun der Police en Auto kontrolléiert, deen am Garer Quartier op enger Parkplaz fir Liwwerante stoung. Et huet sech erausgestallt, dass béid Persounen, déi am Auto souzen, Droge konsuméiert haten. Bei der weiderer Kontroll koum eraus, dass de Fuerer vum Auto kee valabele Führerschäin hat. De Virfall gouf protokolléiert an den Auto confisquéiert.