Iwwerdeems haten 3 Chauffere kee Gurt un 2 haten e Verkéiersschëld ignoréiert an 1 konnt kee gültege Führerschäi virweisen.

E Mëttwoch huet d'Police tëscht 15h30 a 17h00 eng Verkéierskontroll zu Walfer duerchgefouert. Dobäi goufen am ganzen 33 Infraktioune géint de Code de la Route constatéiert. A 27 Fäll hat e Chauffer den Handy iwwert dem Fuere benotzt. 3 Chaufferen hate kee Gurt un, 2 haten e Verkéiersschëld ignoréiert an 1 konnt kee gültege Führerschäi virweisen.

An dësem Zesummenhang mécht d'Police nach eng Kéier op d'Gefore vun der Benotzung vum Handy am Stroosseverkéier opmierksam.