An der EU huet Lëtzebuerg zejoert par Rapport zur Awunnerzuel déi meeschten nei Aarbechtskräfte bei de staatlechen Dateschutz-Autoritéiten agestallt.

Lëtzebuerg hätt sech déi néideg Moyennë gi fir déi europäesch Dateschutz-Veruerdnung ëmzesetzen. Dat äntwert de Minister fir Medien a Kommunikatioun Xavier Bettel op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo. A senger Äntwert verweist de Minister dorops, dass d'EU hir Dateschutz-Veruerdnung virun 2 Joer op Ureegung vun der Lëtzebuergescher EU-Rotspresidentschaft adoptéiert huet. Dës hätt d'Rechter déi d'europäesch Bierger bei der Protektioun vun hire perséinlechen Donnéeën hunn, beträchtlech verstäerkt. D'Veruerdnung hätt d'Acteuren, déi perséinlech Donnéeën traitéiere sensibiliséiert an den europäesche System fir den Dateschutz ze kontrolléiere reforméiert. Doduerch géing dës Veruerdnung e besseren europäeschen Dateschutz erméiglechen. Iwwerdeems hätt si de Staaten nei Méiglechkeete gi fir a Saachen Dateschutz grenziwwerschreidend zesummenzeschaffen.

Den 1. August 2018 huet Lëtzebuerg op nationalem Plang e Gesetz gestëmmt mat dem d'Aufgaben an d'Pouvoire vun der nationaler Dateschutzkommissioun verstäerkt huet. Dëst fir dass dës déi nei Dateschutzveruerdnung ëmsetze kéint.

Déi europäesch Veruerdnung gesäit weiderhi fir, dass d'Dateschutz-Autoritéit vum Land an deem de Sëtz vun enger Entreprise ass, dofir verantwortlech ass, dass dës Entreprise op eng Aart a Weis agéiert déi mam Dateschutz konform ass. Lëtzebuerg ass den Ament a iewescht Autoritéit a 87 grenziwwerschreidende Affären an deenen et em Dateschutz geet.

Weider heescht an der Äntwert vum Minister, dass Lëtzebuerg der nationaler Dateschutzkommissioun déi néideg Moyennë ginn hätt fir den Dateschutz ewéi en an der europäescher Dateschutz Veruerdnung virgesinn ass ëmzesetzen. Ënnert anerem hätt Lëtzebuerg par Rapport zur Awunnerzuel zejoert déi meeschten nei Aarbechtskräfte bei de staatlechen Dateschutz-Autoritéiten agestallt. Ausserdeem hätt Lëtzebuerg zejoert am europäesche Verglach sengen nationalen Autoritéiten a Saachen Dateschutz déi meeschte Suen zur Verfügung gestallt.

Wat d'Kritik vun der europäescher Kommissioun, dass déi lëtzebuergesch Efforten a Saachen Dateschutz nach net géifen duergoe betrëfft, verweist de Minister dorops, dass d'Kommissioun selwer festgestallt hätt, dass et den Ament nach ze fréi wier fir vollstänneg bewäerten ze kënnen ewéi déi europäesch Dateschutzveruerdnung funktionéiere géif. De Xavier Bettel ass der Meenung, dass Lëtzebuerg an Europa a Saachen Dateschutz net géif aus der Rei falen an déi national Dateschutzkommissioun genuch Kapazitéiten hätt fir de Schutz vun de perséinlechen Donnéeë vun de Bierger ze assuréieren.