De Marsrover "Perseverance" soll Buedemprouwe vum Mars huelen an dës op Spuere vu fréierem Liewen ënnersichen.

Um 13h50 mëtteleuropäescher Zäit den Donneschden Mëtten ass de Marsrover "Perseverance" vu Cape Canevral a Florida aus zu senger Missioun a Richtung Mars opgebrach. Laut der NASA wier de Rover dee gréissten a performantsten dee jeemools op de Mars geschéckt gouf. Hie soll Buedemprouwe vum Mars huelen an dës op Spuere vu fréierem Liewen ënnersichen. Weiderhi soll e Gestengs- a Buedemprouwe mat zeréck op d'Äerd bréngen. U Bord vum Rover si 7 wëssenschaftlech Instrumenter an 23 Kameraen ënnerbruecht. Iwwerdeems sollen 2 Mikroe fir déi éischte Kéier Geräischer um Mars ophuelen.

Ausserdeem befënnt sech e klengen Helikopter u Bord vum Rover. Dësen Helikopter mam Numm "Ingenuity" weit nëmmen 1800 Gramm. Fir, dass en um Mars fléie kann, dréinen sech seng Propelleren 3000 mol pro Minutt. Domadder dréinen si sech ronn 10 mol esou séier ewéi d'Propellere vun engem Helikopter op der Äerd.

De Marsrover wäert och en Apparat u Bord hunn dee Kuelendioxid aus der Atmosphär a Sauerstoff ëmwandele kann. Falls enges Daags Mënschen op de Mars fléien, wäert esou en Apparat onverzichtbar sinn. Bis op Weideres wäerten et awer nëmmen d'Nimm vu verschiddene Mënsche bis op de roude Planéit packen. De Rover wäert nämlech 3 Mikrochippen, op deenen d'Nimm vun 11 Millioune Mënsche gespäichert sinn, bei sech hunn .

De Rover wäert viraussiichtlech den 18. Februar 2021 um Mars landen.