Wie weekends op d'Plagë ronderëm de Stauséi wëll, muss jo fir verschiddener seng Plaz reservéieren.

Fir dëse Weekend sinn dës komplett ausgebucht respektiv reservéiert. Wéi et vun de Responsabelen heescht gëtt et och keng Méiglechkeet, op der Plaz ze reservéieren. Zënter leschter Woch ass de Reservatiounssystem online.

Eng privat Sécherheetsfirma ass fir d'Surveillance op de Plagë responsabel.

Ausgeschloss si Fëscher, Wanderer oder Leit mat Kajak.