De Kollektiv-Congé am Bausecteur fänkt den 31. Juli un an dauert bis den 23. August.

Um Freideg ass den Optakt vum Kollektiv-Congé am Bausecteur. Bis den 23. August rouen déi meescht Schantercher. Betraff sinn eng 20.000 Aarbechter.

Just fir besonnesch Bauprojete gëtt et eng Ausname-Geneemegung vun der ITM. Riets ass vun 119 Schantercher, esou d'Lëtzebuerger Wort.