Der Police ass op der A7 ee Liwwerwon opgefall, deen däitlech Iwwergewiicht hat.

Op der A7 ass der Verkéierspolice en Donneschdeg de Mëtte géint 15h30 ee Liwwerwon opgefall, dee staark an der Fiederung agesackt war.

D’Beamten hunn de Liwwerwon direkt gestoppt. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, dass d’Gewiicht vum Gefier bei 4.400 Kilo loung. D’Maximal-Gewiicht vum Liwwerwon ass allerdéngs op 3.000 Kilo limitéiert. De Won hat also 1.400 Kilo Iwwergewiicht.

De Chauffer huet de Liwwerwon missten auslueden an et gouf ee Protokoll.