18 Gemenge maache beim Vëlosummer 2020 mat. Am Ganze wäerten d'Vëlosfuerer 6 verschidden Tier maache kënnen.

D'Stroossen déi am Kader vun der Aktioun Vëlosummer 2020 gespaart goufe wiere Stroossen, déi am Summer manner géife benotzt ginn. Dat sot den Tourismusminister Lex Delles de Freide Moien am Kader vun enger Pressekonferenz. Et wieren awer och Stroossen, déi gutt u Vëlosweeër an un aner Regiounen ugebonne wieren. Dëst géing et de Vëlosfuerer erlabe vun enger Regioun an déi aner ze fueren. Am ganze wäerten d'Vëlosfuerer 6 verschidden Tier maache kënnen.

Verschidde Stroossen déi am Kader vun der Campagne gespaart goufen, wäerten de ganzen August gespaart sinn, anerer wäerte just Weekends zou sinn. Déi betraffe Stroosse wäerte fir de normale Verkéier gespaart sinn. D'Residente wäerten awer weider an d'Strooss, an där si wunnen, erafuere kënnen. Och landwirtschaftlech Maschinne wäerte weiderhin op dëse Stroossen zirkuléieren dierfen. De Code de la Route wäert op all de concernéierte Stroossen gülteg bleiwen. Iwwerdeems goufen eng Partie Zich organiséiert, fir dass méi Vëloe kënnen transportéiert ginn.

18 Gemenge maache beim Vëlosummer 2020 mat. Dem Minister no géif d'Aktioun et de Gemengen erlaben hir Dierfer op eng nei Aart a Weis touristesch ze valoriséieren. Dëst andeems déi verschidden Dierfer matenee verbonne ginn. Dëst géif e groussen Atout fir d'Hotellerie awer och fir de Commerce an den eenzele Gemengen duerstellen.

Fir de Vëlosummer 2020 ze promouvéieren huet de Ministère Kaarten drécke gelooss. Dës kann een um Internetsite Vëlosummmer.lu eroflueden. Si wäerten awer och vun de verschiddenen "Offices réioneaux du Tourisme" un d'Hoteller an d'Gemenge verdeelt ginn. Op Vëlosummer.lu wäert een iwwerdeems eng Rei weider Informatiounen iwwert déi verschidden Tier fannen. Esou kann een sech hei zum Beispill iwwert déi verschidden Attraktiounen déi ee ronderëm d'Streck vun engem Tour fënnt, informéieren. De Site soll deemnächst disponibel sinn.

D'Campagne géif sech dem Minister och gutt an d'Strategie vun der Promotioun vum sougenannten "Aktiv-Tourismus" zu Lëtzebuerg areien. An dësem Zesummenhang mécht de Minister och op den Internetsite movewecarry.lu opmierksam. Iwwert dëse kënnen d'Vëlosfuerer déi e gréisseren Tour plangen hiert d'Gepäck an déi verschidden Hoteller transportéiere loossen. Am Kader vum Hëllefspak "Neistart Lëtzebuerg" wäert dëse Service dëst Joer gratis sinn. De Service géif sech och gutt mam 50 € Iwwernuechtungsbong, deen d'Leit vum Tourismusministère kruten, kombinéiere loossen.

Schliisslech huet de Minister ugekënnegt, dass och 2021 e Vëlosummer stattfanne wäert.