Jiddereen, dee méi laang ewéi 48 Stonnen an der Belsch verbrénge wëll wäert online e Formulaire ausfëlle mussen.

Ewéi de belschen Ausseministère op sengem Internetsite matdeelt, muss jiddereen dee vum 1. August un an d'Belsch areesen an do méi ewéi 2 Deeg bleiwe wëll online e Formulaire ausfëllen. An dësem muss een säin Numm, seng Adress, seng Telefonsnummer a den Datum vu senger Un- an Ofrees uginn. Et gëtt een och Detailer doriwwer wéi een ureest gefrot. Beim Auto muss een zum Beispill seng Plackennummer uginn.