Et hat sech erausgestallt, dass de presuméierten Déif och am Kader vun enge Partie aneren Déifställ als Schëllege kéint a Fro kommen.

Géint 13h20 en Donneschde Mëtte gouf der Police gemellt, dass eng onbekannte Persoun en Jeep zu Schëndels geklaut hätt. Doropshi gouf eng Enquête an d'Weeër geleet an de presuméierten Déif an den Auto goufe géint 17h30 an der Stad fonnt. Et hat sech erausgestallt, dass de Mann och am Kader vun enge Partie aneren Déifställ als Schëllege kéint a Fro kommen. Hien gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.