An der Vergaangenheet haten US-Autoritéite widderhuelt de Verdacht geäussert, dass d'App Donnéeën un déi chinesesch Regierung géif weiderginn.

Den amerikanesche President Donald Trump huet ugekënnegt, dass hien d'Video-Plattform TikTok an den USA verbidde wëll. De Freide sot hie géigeniwwer Journalisten u Bord vun der "Air Force One", dass hien d'App aus den USA verbanne wéilt. US-Autoritéiten haten am Virfeld de Verdacht geäussert, dass d'App vun der chinesescher Firma "ByteDance" d'Donnéeë vu sengen Notzer un déi chinesesch Regierung géif weiderginn.

An den USA gouf TikTok fir d'lescht vum "Committee on Foreign Investment", dem Kommiteee fir auslännesch Investissementer, iwwerpréift. D'Firma "ByteDance" huet bis ewell all Virwërf iwwert e Weidergi vun Donnéeë vu sech gewisen.

Den Trump hat schonn an der Vergaangenheet ugekënnegt, dass hien sech d'App ukucken an eventuell verbidde wéilt.

TikTok huet weltwäit knapps 1 Milliard Notzer.