Nieft der Ambulanz vu Réiden war och de Samu vun Ettelbréck op der Plaz.

Ee méi uergen Accident gouf et um spéide Freiden Owend op eise Stroossen. Ewéi de CGDIS mellt war géint 23h50 en Automobilist bei der Iewerlenger Mille mat sengem Auto an e Bam gerannt a gouf dobäi blesséiert. Nieft der Ambulanz vu Réiden war hei och de Samu vun Ettelbréck op der Plaz.

Iwwerdeems mellt de CGDIS 2 weider Accidenter déi de Samschde Moie geschitt sinn:

Géint 08h20 hat sech tëscht Munneref an dem Tunnel Markusbierg op der A 13 en Auto iwwerschloen. Eng Persoun gouf hei blesséiert.

Géint 10h20 gouf e Motocyclist blesséiert ewéi hien um CR 121 op der Héicht vun der Vugelsmille mat sengem Moto gefall ass. Hei war nieft der Ambulanz vun Iechternach och de Samu vun Ettelbréck op der Plaz.

Um Samschdegmëtte mellt den 112 géint 16h05 en Auto den tëscht Kielen a Mamer ëmgekippt ass. Hei ginn 2 blesséiert Persoune gemellt.