Éischten Erkenntnisser no sollen déi 3 Hacker eppes iwwer 100.000 $ erbeut hunn.

Zwou Wochen, nodeems d'Twitter-Konte vun enger Rei Prominenter gehackt goufen. Huet déi amerikanesch Police elo 3 Verdächteger festgeholl. E 17 Joer alen Amerikaner soll den Organisateur vun den Attacke gewiescht sinn. Hie gouf am Bundesstaat Florida festgeholl. D'Uklo géint hien ëmfaasst 30 Punkten. Wéinst der Gravitéit vu senge Vergoe wäert hien als Erwuessenen ugeklot ginn. Am Fall vun enger Verurteelung dréit him eng länger Prisongsstrof.

E 19 Joer ale Mann aus Groussbritannien an en 22 Joer alen Amerikaner sollen him bei der Attack gehollef hunn. Dem 19 Joer ale Britt gëtt ënnert anerem Hacken, Bedruch a Geldwäsch virgeworf. Dem 22 Joer alen Amerikaner gëtt Bäihëllef beim onerlaabten Andréngen an e Computer virgehäit. Béi Männer riskéieren eng Prisongs- a Geldstrof.

Beim Hacker-Ugrëff deen sech Mëtt Juli ofgespillt huet, gouf op d'Twitter-Konte vun enger Partie Prominenter zougegraff. Dorënner ënnert anerem d'Konte vum fréieren amerikanesche President Barack Obama, dem Chef vun Tesla Elon Musk an dem Grënner vu Microsoft Bill Gates. Déi gehackte Konten hunn d'Notzer vum sozialen Netzwierk dozou opgefuerdert 1000 $ a Bitcoin op e bestëmmte Konto ze iwwerweisen an hunn hinne versprach, dass si duebelt esou vill Sue géifen zeréckkréien. Éischten Erkenntnisser sollen déi 3 Hacker op dës Aart a Weis eppes iwwer 100.000 $ erbeut hunn.