Och verchidden neonazistesch Organisatioune sollen dozou opgeruff hunn un der Demonstratioun deelzehuelen.

E Samschde sollen dausende Mënschen zu Berlin op d'Stroosse goe fir géint d'Corona-Politk vun der däitscher Regierung ze protestéieren. Vun Moies u, sollen an der däitscher Haaptstad Evenementer vun de Kritiker vun de Mesuren déi vun der däitscher Regierung geholl goufen, ewéi och Géigendemonstratioune stattfannen. D'Initiativ "Querdenken 711" huet fir eng Ofschloss-Veranstaltung um 15h30 zéngdausende vun Demonstranten ugemellt. Dem Innensenator vu Berlin Andreas Geisel no, sollen och verschidden neonazistesch Organisatiounen dozou opgeruff hunn un der Demonstratioun deelzehuelen.

D'Autoritéite rechnen domadder, dass ronn 22.000 Demonstranten un de verschiddenen Aktiounen deelhuele wäerten. Eng 1.500 Poliziste wäerten am Asaz sinn.