Laut WHO sollen sech bis ewell am Ganze 17,1 Millioune Mënschen op der Welt mam Virus infizéiert hunn.  

Ewéi d'Weltgesondheetsorganisatioun WHO e Samschde matdeelt, gouf et e Rekord vun de weltwäiten Neiinfektioune mam Coronavirus bannent engem Dag. Ënnerhalb vu 24 Stonnen hunn sech weltwäit 292.000 Mënsche mam Virus infizéiert. Déi meeschten Neiinfektioune gouf et mat 69.000 a Brasilien, duerno kommen d'USA mat 65.000 neien Infektiounen. Och an Indien hunn sech mat 55.000 enorm vill Mënsche bannent engem Dag mam Virus infizéiert.

An Europa goufen zënter de Freide 25.000 Neiinfektioune mam Virus registréiert. Déi meescht dovunner gouf et mat 2.800 a Spuenien. Och a Japan an Australien ass d'Zuel vun den Neiinfektioune mam Virus geklommen. Iwwerdeems gëllt Israel den Ament als negatiivt Beispill dofir, wat geschéie kann, wann d'Mesurë géint de Virus ze fréi gelackert ginn. D'Land kämpft schonn zënter Längerem mat enger zweeter Well vun Neiinfektiounen.

Laut der WHO hunn sech bis ewell ronn 17,1 Millioune Mënschen op der Welt mam COVID-19 infizéiert. Déi amerikanesch John-Hopkins-Universitéit gëtt d'Zuel vun de Mënschen déi sech bis ewell weltwäit mam Virus infizéiert hunn iwwerdeems mat 17,5 Milliounen un.