E Mann krut op der Mierscher Gare säin Handy an de Portmonni geklaut. Den Täter konnt flüchten.

Ewéi d'Police matdeelt, gouf géint 18h30 e Freideg Owend e Mann op der Mierscher Gare iwwerfall. Nodeems de Mann aus engem Zuch geklomme war, gouf hie vun engem Vëlosfuerer ugestouss an ass dowéinst op de Buedem gefall. De Vëlosfuerer huet dem Mann doropshin de Portmonni an den Handy geklaut an ass a Richtung vun der Rue de la Gare geflücht. Obwuel Zeien nach probéiert haten de Mann ze stoppen ass dësem d'Flucht gelongen. Den Täter war ongeféier 1 Meter 80 grouss an dënn. Hien hat e rouden T-Shirt un.

Iwwerdeems huet d'Police an der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg 4 Führerschäiner wéinst Alkohol um Steier agezunn. Dëst zu Useldeng, Housen, Esch-Uelzecht an an der Sortie Waldhaff op der A7.