
© Alexei Druzhinin / SPUTNIK / AFP
Am Oktober wëll Russland déi éischt Campagne fir Massenimpfunge lancéieren. Wéi de russesche Gesondheetsminister Michail Muraschko matdeelt, wieren d'klinesch Tester mam Impfstoff ofgeschloss. Déi éischt Persounen déi geimpft ginn, wäerten Dokteren a Léierpersonal sinn.
Bis ewell gëtt et nach keen Impfstoff géint de Virus. Weltwäit gëtt un iwwer 100 méiglechen Impfstoffer gefuerscht. Dovun si 4 Stéck an der drëtter Phas deelt d'Weltgesondheetsorganisatioun WHO mat. Dräi ginn a China an een a Groussbritannien entwéckelt.
Den Tempo mat dem Russland den Impfstoff rausbrénge wëll, huet am Ausland d'Fro opkomme gelooss, op déi russesch Regierung Prestige iwwer Wëssenschaft a Sécherheet stellt. Russland huet no den USA, Brasilien an Indien déi meescht Infektioune virzeweisen. D'Zuel vun den Infektioune läit bei 845.443 a 14.058 Persounen hunn de Virus net iwwerlieft.